Startofbroch um Fluchhafe SaarbréckenLuxair-Fliger rutscht um Bauch bis 400m virun Enn vun Tarmac

Eng Bombardier Q400, déi e Mëttwoch de Moie géint 10 Auer vu Saarbrécken op Lëtzebuerg sollt fléien, konnt net ofhiewen - et gi keng Blesséiert.

Dat huet de Fluchhafe vu Saarbrécken op RTL-Nofro confirméiert an dat huet och d'Luxair an engem Communiqué matgedeelt.

Wat genee geschitt ass, konnt de Generaldirekter vu Luxair Adrien Ney och um 17 Auer bei enger Pressekonferenz nach net matdeelen. Hie wëll awer mat den däitschen Autoritéiten kooperéieren. Dat wier och am Interessi vun der Luxair.

Luxair-Accident / De Reportage vum Annick Goerens



Pneu geplatzt?
Den Trierischer Volksfreund schreift um Donneschdeg de Moien, dass Aenzeien no kuerz nodeems d'Maschinn ofgehuewen hat, ee Pneu geplatzt wier. D'Zeitung hat kuerz nom Ongléck mat enger Koppel aus dem Krees Tréier-Saarburg geschwat, déi u Bord vun der Maschinn wor. Wéi et heescht, wier d'Maschinn, nodeems de Pneu geplatzt wor, ausser Kontroll geroden an op der Landebunn opgeschloen. De Fliger wier doropshin eng 300 Meter weider gerutscht, fir schlussendlech un d'Halen ze kommen. Dee Moment hätt d'Maschinn och ugefang mat dämpen. D'Koppel seet, dass et dem Pilot gelonge wier d'Maschinn ënner Kontroll ze kréien, och hätt d'Crew souverän reagéiert. Eng Stewardess hätt direkt mat der Evakuatioun ugefaang.

D'Maschinn vum Vol LG 9562 ass vun Hamburg komm an ass um 10.03 Auer zu Saarbrécken fir een Tëschestopp gelant. Um 10.20 ass se nees gestart, fir op Lëtzebuerg ze fléien, huet de Start awer direkt ofgebrach, huet missen eng Bauchlandung maachen an ass 400 Meter virum Schluss vun der Pist un d'Stoe komm.

Den Adrien Ney



U Bord ware 16 Passagéier a 4 Crew-Memberen. Kee gouf, wéi gesot, blesséiert, wéi d'Maschinn sech op de Bauch geluecht huet.

De 45 Joer ale Kapitän huet schonn iwwer 10.000 Fluchstonnen erof, wat international als relativ erfuere gëllt an hien a säin 27 Joer ale Co-Pilot, haten all hir medizinesch a fluch-technesch Checken uerdnungsgeméiss hannert sech bruecht.

Et bleiwen op alle Fall nach vill Froen op, ënnert anerem gouf vun enger Damp-Entwécklung geschwat, dëst gouf awer weder dementéiert nach confirméiert an elo muss een waarden, bis däi däitsch Autoritéiten hir Ënnersichunge fäerdeg hunn.


De Jean Lasar mat Explikatiounen



© Elke Simon


Fir Frënn a Familljemembere vun de Passagéier gouf eng Hotline vun der Airline ageriicht: +352 2456 2456.

© Annick Goerens


De Luxair-Fluch LG 4606/4607 op London gouf stornéiert, all aner Luxair-Operatioune lafe wéi geplangt weider.

Een Dag nom Accident gëtt de Betrib um Fluchhafen zu Saarbrécken um Donneschdeg nees opgeholl. D'Linievollen op Berlin an Hamburg sollen nees wéi geplangt ofgewéckelt ginn. Am ganze woren e Mëttwoch 8 Vollen annuléiert ginn.

PDF: Luxair-Schreiwes op Franséisch.
PDF: Luxair-Schreiwes op Däitsch.







© RTL / Tom Zeimet


Reaktioun ALPL

Luxair Flug LG9562

Heute kam es beim Start des Luxair Fluges LG9562 von Saarbrücken nach Luxemburg am Flughafen Saarbrücken zu einem Zwischenfall.

Die Association Luxembourgeoise des Pilotes de Ligne – ALPL ist erleichtert, dass bei diesem Vorfall am Flughafen Saarbrücken weder Passagiere noch Besatzungsmitglieder zu Schaden gekommen sind.

Eine umfangreiche Flugunfalluntersuchung gemäß den international geltenden Vorschriften wird Aufschluss über die möglichen Unfallursachen geben. Diese Untersuchung wird eine gewisse Zeit in Anspruch nehmen.

Der Ausgang dieser Untersuchung muss abgewartet werden, bevor Aussagen betreffend des genauen Unfallhergangs und zu den Ursachen gemacht werden können.

Die A.L.P.L. - Association Luxembourgeoise des Pilotes de Ligne ist die Interessenvertretung der über 500 Berufs- und Verkehrspiloten in Luxemburg und Mitglied der European Cockpit Association – ECA sowie der International Federation of Airline Pilots IFALPA. Mehr Informationen zur A.L.P.L. sind auf http://www.alpl.lu verfügbar.

© Elke Simon


© RTL / Tom Zeimet