Feministesch Online-DatebankMeta-Datebank aus 30 däitschsproochege Fraen-Institutiounen

Um Freideg goung déi éischt online Datebank, genannt Meta-Datebank, fir d'Fraen- a Lesben-Bewegung am däitschsproochege Raum online.

Do si Bicher, Dokumenter, Fotoen, Plakater an aner Interessantes aus den Bestänn vun 30 Fraen-, Feministen- an Lesben-Institutiounen aus Däitschland, Éisterräich, Lëtzebuerg, der Schwäiz an Italien regroupéiert. D'Iddi ass zesumme besser an der Ëffentlechkeet visibel ze sinn.

D'Sabine Balke ass Virstand vum IDA, dem däitschsproochegen Daachverband vun den Fraen- a Lesben-Archiven. All Sichwierder weisen all Bicher etc un, déi an allen erfassten Institutiounen ze fanne sinn. Da geet een dohinner, wou d'Bicher sinn, zu Lëtzebuerg zum Beispill bei de CID Femmes a freet do, ob een ee Buch bestelle kann.

D'Sabine Balke



De Meta-Katalog riicht sech un Fuerscher, Studenten, Enseignanten am Primaire an Secondaire an och u Leit , déi einfach just um Thema Lesben- a Fraen Beweegungen interesséiert sinn. Op d'Datebank kënnt ee ganz einfach mat www.meta-katalog.eu.