"Deen Asaz war net ëmsoss"
War alles ëmsoss? Déi Fro gouf a leschter Zäit dacks am Kontext vun 20 Joer Militärasaz am Afghanistan gestallt.
De Leutnant-Colonel Christian Simon war den éischte Lëtzebuerger Zaldot, dee virun 18 Joer am Afghanistan stationéiert war. "Nee, et war net alles ëm soss", seet de Lëtzebuerger Militär, deen an der Haaptstad Kabul wéi och am Süden zu Kandahar am Asaz war.
"Ech hat d'Chance, selwer zwee Mol do ze sinn", sou de Leutnant-Colonel. "Deen Asaz war net ëmsoss". Am selwechten Otemzuch verstoppt de Christian Simon awer och net eng gewëss Enttäuschung.
"Well mir villäicht als ISAF-Truppe vis à vis vun den Afghanen eis selwer ze vill héich Objektiver gestallt hunn. Eréischt relativ spéit villäicht och gemierkt hunn, datt eng Regierung ouni Taliban guer net méiglech ass."
Dodrun huet am Ufank déi éischt Jore kee geduecht. Deployéiert gouf deen éischte Lëtzebuerger Contingent zesumme mat de Belsch am Juni 2003. Fir zwee Méint. Et sollten um Enn 49 Rotatioune ginn, mat am Ganzen 335 Lëtzebuerger Zaldoten am Asaz.
"Zu Kabul, dat war zu enger Zäit, wou een eng Opbrochstëmmung bei der afghanescher Populatioun wierklech konnt feststellen. Sie ware frou, datt mer do waren. Mir si vun hinnen och net als Besatzungsmuecht ugesinn ginn."
2003 goung et drëms, d'Regioun vu Kabul ze sécheren. No der Chute vun den Taliban, der Interim-Regierung d'Chance ze ginn, lues a lues Fouss ze faassen. Dat Mandat huet mat de Joren evoluéiert. D'Afghane sollten ëmmer méi selwer Responsabilitéit iwwerhuelen. Vun Arméi, iwwer Police, bis Geheimdéngscht.
Ma och d'Stëmmung ass mat de Joren am Land gekippt. 2012, wéi d'Lëtzebuerger op Kandahar verluecht goufen, war dat gutt ze spieren. "Firwat sidd dir ISAF iwwerhaapt nach hei? Et geet jo net richteg virun." D'Terrorattacke vun den Taliban hunn ëmmer méi destabiliséiert. D'ISAF-Truppen hu reagéiert.
"Wat natierlech deen Ament och Dommages collatéraux mat sech bréngt. Ech mengen, eng terroristesch Organisatioun ass eppes anescht, wéi wann een e konventionelle Géigner huet, géint deen ee kämpft, géint deen d'Arméie gewinnt sinn ze kämpfen. D'terroristesch Organisatioune verschmëlzen mat der Bevëlkerung. Do weess een net ëmmer, wien de Feind ass, wie Frënd ass. Wat d'Saach net méi einfach gemaach huet."
"Mir hate vill Chance!", e Saz, deen e beim Militär déi lescht Deeg vu Lëtzebuerger Säit dacks gehéiert huet. Vill Chance, datt iwwer d'Jore keng Lëtzebuerger Zaldoten uerg blesséiert goufen, kee gefall ass. Vu Kabul bis eriwwer an d'Krichsgebitt Kandahar.
"Mir hate Problemer mat Schaarfschützen, déi permanent an de Camp erageschoss hunn. Och hat eng Kéier ee probéiert, sech de Wee fräi ze bommen. Mat engem Woen, wou leider Gottes och Kolleege vu mir gestuerwe sinn. Bulgaresch Kolleegen, déi ech ganz gutt kennegeléiert hunn."
"Deen Asaz war net ëmsoss" an awer stellt sech de Leutnant Colonel Simon Froen. Iwwerrascht huet hien d'Vitess, mat där d'Taliban nom Réckzuch vun den Alliéierten nees zu Kabul opgetaucht sinn.
"Dat war schonn erschreckend. Do stellt ee sech dann d'Fro, huet ee wierklech alles gemaach, fir den afghaneschen Autoritéiten déi néideg Formatioun, deen néidegen Training ze ginn? Fir géint eng Résurgence vun den Taliban-Truppe gewappnet ze sinn."
Och an der Sendung Kloertext geet et ëm den Afghanistan. Virun allem dorëmmer, wéi eng Léiere musse gezu ginn a wéi wäit ass Europa kapabel, sech och ouni d'Amerikaner eng richteg gemeinsam Verdeedegungsstrategie ze ginn a wat fir eng Roll kann do eng kleng Arméi wéi eis spillen, déi jo am gaangen ass, moderniséiert ze ginn? Am Studio ass nieft Politiker och den neie Generol Steve Thull.