RTL Télé LëtzebuergI. Centrone wënnt 27. Editioun vun der Randonnée Charly Gaul

Um 1. Parcours vun 157 Kilometer goufen et 12 zolitt Koppen. Eng 480 Cyclisten si matgefuer.

Charly Gauls Wieder fir déi 27t. Editioun vun der Randonnée. (04.09.2016)
Eng 1.000 Cyclisten hunn sech vun Iechternach aus, op déi zwee Parcourse gemaach. 106, respektiv 157 Kilometer stoungen zur Wahl. Mat all Kéiers säftege Koppen.
De Parcours iwwer 106 Kilometer hat 500 Leit ugezunn. Ënnerwee goufen et eng Rei fatzeg Donnerwiederen.

De Vainqueur um Enn war de Lëtzebuerger Ivan Centrone, 8 Joer no sengem Brudder Vincenzo, no 4 Stonnen an 20 Minutten. Den Ivan kënnt frësch aus dem Tour de l'Avenir.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.