Zweet international Epreuve vun der Saison
Déck 100 Coureure ginn um Sonndeg an deene verschiddenen Kategorie zu Conter un den Depart.
Dës Course huet eng laang Traditioun. Am Palmarès vum Cross stinn ënner anerem déi fréier belsch Weltmeeschter Sven Nys, Bart Wellens, Mario de Clercq oder Erwin Verwecken. Déi bis elo zwee eenzeg Lëtzebuerger Vainqueure sinn déi allebéid vill ze fréi verstuerwe Claude Michely a Lucien Zeimes. De Claude Michely huet et fäerdeg bruecht, d'Course souguer véier Mol ze gewannen (1978,1979, 1985, an 1988) De Lucien Zeimes war 1980 dee Beschten. D'lescht Joer konnt de Fransous Timothé Gabriel ee vu senge bis elo gréisste Succèsen zu Konter féieren. De Cross steet muer a Konkurrenz mat 6 aneren internationale Crossen uechter Europa. Als Favorit kéint een de Wout Janssen nennen. De Belsch war zu Dippech de 4. a konnt sech och leschte Weekend géint staark Konkurrenz zu Essen an der Belsch op der selwechter Plaz klasséieren. Och säi Landsmann Arne Baers kéint eng interessant Roll spillen. Aus Lëtzebuerger Siicht kann ee gespaant op d'Prestatioune vun deenen 2 Jonken, dem Lennox Papi an dem Rick Meylender, sinn.
Bei den Dammen hat d'Marie Schreiber sech fir de Cross, dee si 2021 an 2024 gewonnen hat, ageschriwwen, huet sech awer nees ofgemellt. Dofir sinn awer d'Maïté Barthels an d'Liv Wenzel um Depart. Et ass schwéier, eng grouss Favoritin an der Startlëscht auszemaachen, op engem gudden Dag kéinte béid Lëtzebuergerinnen e gutt Resultat erausfueren. Déi 10 éischt an all Kategorie kréien UCI Punkten.
Ronn 1 Kilometer Wiss, 1200 Meter Strooss a Feldwee plus 400 Meter Bëschwee, sou setzt sech de Parcours vum Konter Traditiouns Cross zesummen. Den Dag virun der Course gëtt gäre vun der Coureure genotzt fir eng Reconnaissance ze maachen, fir d'Organisateuren heescht et ze kucken datt alles fir den Dag X prett ass. De Konter Club huet vill Erfarung an ass rodéiert.
Den éischten Depart muer ass um 12 Auer, d'Coursse vun de Fraen a Männer vun der Elite ginn um 2 Auer an um véierel op 3 gefuer.