"Petanque ass net just Pastis a Baguette"
                    © RTL
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk" ass e Méindeg de President vun enger internationaler Sportfederatioun beim Franky Hippert op Besuch.
De Gérard Schneider ass elo zanter ronn engem Mount un der Spëtzt vun der Internationaler Petanque-Federatioun. Op der ganzer Welt ginn et am Ganzen 112 national Verbänn. Um leschte Kongress zu Douai a Frankräich ass de Lëtzebuerger mat 97 Prozent vun de Stëmme gewielt ginn.
"Schneider, dat wär eppes fir dech"
Virun zwee Joer huet de President vun der internationaler Petanque-Federatioun Claude Azéma annoncéiert, net méi ze kandidéieren. D'Leit aus dem internationale Verband waren der Meenung, dat wär eppes fir de President vun der Lëtzebuerger Boules- a Petanque-Federatioun. De Gérard Schneider huet sech déi Saach en halleft Joer ugekuckt an iwwerluecht. Virun engem Joer huet hien dann annoncéiert, et eventuell ze maachen. Um Kongress zu Douai ass de Gérard Schneider da vu 64 Verbänn - 66 ware present - gewielt ginn.
Ronn 450.000 Lizenzéierter op der ganz Welt
Déi gréisste Federatioun am Weltverband ass Frankräich, mat ronn 300.000 lizenzéierte Spillerinnen a Spiller. An Däitschland kommen an de leschte Jore vill Spiller dobäi. Virun 20 Joer huet een do mat ronn 1.000 Lizenzen ugefaangen, haut sinn eis däitsch Nopere bei 18.000 Lizenzéierter. An Asien boomt d'Petanque am Moment, virun allem an Thailand. Souguer beim Militär an Thailand ass Petanque d’Sportaart Nummer 1.
Petanque war bal op den Olympesche Summerspiller zu Paräis 2024 dobäi
De Gérard Schneider war 2017 zu Lausanne bei enger Reunioun dobäi, bäi där och de fréiere President vum Internationalen Olympesche Comité Thomas Bach op Besuch war. Owes beim Iessen hätt de Bach de Responsabele vun der internationaler Petanque-Federatioun gesot, datt hire Sport zu 99 Prozent an der franséischer Haaptstad dobäi wär. Et war een och schonn op de Champ de Mars kucken, wou Tribüne sollten opgeriicht ginn. Um Enn huet sech de leschte Konkurrent, de Breakdance, virun der Petanque fir Paräis 2024 duerchgesat.
D'Drëtt Hallschent mam Camille Dahm kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.