Wout Janssen wënnt bei den Hären, d'Liv Wenzel fiert op de Podium
Als beschte Lëtzebuerger ass de Lennox Papi bei den Hären op déi 7. Plaz gefuer.
Beim internationale Cyclocross zu Konter konnt sech de Belsch Wout Janssen d'Victoire bei den Häre sécheren. Um Enn hat hien eng Avance vun 39 Sekonnen op de Fransous Ugo Ananie. De Podium gouf vun engem weidere Fransous, dem Lorenzo Marasco komplettéiert. Hien ass 44 Sekonnen hannert dem Vainqueur iwwer de wäisse Stréch gefuer. De Raphael Kockelmann gouf de 19..
Bei den Damme gouf et eng ganz gutt Performance vun der Lëtzebuergerin Liv Wenzel. Si koum bei der Course vun den Dammen op der 3. Plaz mat engem Réckstand vun enger Minutt an 20 Sekonnen un. Gewonnen huet d'Hollännerin Larissa Hartog. Op déi 2. Plaz, mat engem Retard 42 Sekonnen ass d'Franséisin Perrine Clauzel gefuer. D'Maité Barthels huet sech um Enn op der 6. Plaz klasséiert.
Bei de Juniore waren net manner wéi 6 Belsch op den éischte Plazen ze fannen. De Maxime Smits hat do d'Nues virum Toon de Peuter an dem Seppe Sprangers vir. De beschte Lëtzebuerger war de Ben Fleming op der 11. Plaz.
Bei den Debutants konnt sech de Leo Lanners virum Paul Moog an dem Lorenzo Astolfi duerchsetzen.