
Bei der 2. Qualifikatiounsronn vum WTA Tennis Tournoi zu Stuttgart konnt sech d'Mandy Minella an zwee Sätz mat 7:5 a 6:1 géint d'Anna Kalinskaya gewannen. D'Lëtzebuergerin, déi den Ament op Plaz 108 an der Weltranglëscht ass, konnt sech deemno géint d'Russin vun der Plaz 185 behaapten.