ALLGEMENG RICHTLINNEN

E Sujet kucken, liesen oder nolauschteren, e verstoen an driwwer nodenken, seng Argumenter dofir an dogéint beleeën, den Text iwwerliesen a schlussendlech de Commentaire ofginn, dat ass de Wee, fir en oppenen, konstruktiven, respektvollen a kriteschen Debat ze lancéieren. Är Meenung an d‘Meenungsfräiheet am Allgemenge sinn eis wichteg an dofir si mir och frou, Iech d’Méiglechkeet ze ginn, Är Commentairen op RTL.lu ofzeginn. Wat Dir wësse musst, ier Dir e Commentaire ofgitt, wat erlaabt ass a wat net a villes méi, fannt Dir hei an eisem „Eng Fro, eng Äntwert“.

ENG FRO – ENG ÄNTWERT

  1. Wéi kann ech op RTL.lu e Commentaire ofginn?

    • Login: Fir op RTL.lu Artikelen ze kommentéieren, musst Dir agelogged sinn, dofir braucht Dir e Login. E Login kënnt Dir hei maachen: Mäin RTL, mäi login
      Äre Login erméiglecht zum engen, datt een Är Contributiounen och als Är erkenne kann, datt een se Iech zouuerdne kann. Dofir encouragéiere mer Iech och, Är Commentairë mat Ärem vollen Numm ze signéieren. Mir akzeptéieren och e Pseudonym, also en Nickname. (All Form vun Identitéitsbedruch oder Ausnotze vun engem aneren Notzer sengem Pseudonym ass verbueden.) Fir datt Äre Commentaire ka publizéiert ginn, musst Dir entweder de vollen Numm oder den Nickname ukräizen. Wann an deem Feld näischt steet, kann de Commentaire net validéiert a publizéiert ginn.
    • Kommentéieren: Ier Dir e Commentaire ofgitt, denkt drun, datt all Commentaire op dësem Site ëffentlech ass a soll un éischter Plaz oppen, konstruktiv, respektvoll a kritesch sinn. Dofir biede mir Iech beim Kommentéieren :
      • Fair a sachlech ze bleiwen ;
      • Respektéiert w.e.g. aner Notzer an hir Meenungen, eis Journalisten an all aner Persoun, déi a Bäiträg ernimmt ginn ;
      • Schreift net am Affekt oder aus Roserei ;
      • Bezitt Iech op d’Thema ;
      • Hannerleet Är eege Meenung mat Argumenter, net mat net verifizéierbare Behaaptungen
      • Dréckt Iech verständlech aus ;
      • Iwwerliest Är Commentairë virum Ofschécken nach eemol a Rou duerch
      • Eis Artikele sinn op Lëtzebuergesch, dofir probéiert Är Commentairë w.e.g. och op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Déi gängeg aner Sproochen (däitsch, franséisch an englesch) sinn awer och erlaabt.
      • Schreift net a grousse Buschtawen (CAPSLOCK)
        D’Commentairen dierfe maximal 1.000 Zeechen hunn. Alles wat doriwwer erausgeet ass keng Reaktioun op e Bäitrag méi, mä fält éischter an d’Kategorie „Lieserbréif“. Genee esou fir alles wat drënnerfält an ze kuerz ass, wéi z.B.: „Merci“, „grausame Bäitrag“ oder „genialen Artikel“ a soss keng Argumenter enthält, gëtt net publizéiert.

  2. Wisou gouf mäi Commentaire nach net publizéiert

    D‘Moderatioun vun all eenzeler Reaktioun verlaangt eng Kontroll a kascht deemno och Zäit. Niewent ville sachlechen an och liesenswäerte Commentairen, musse mir leider och eng ganz Rëtsch u Beleidegunge bis zu aggressiven Aussoen duerchliesen. Dat si Commentairen, déi Dir als Notzer zwar ni ze liese kritt, mä déi mir Dag fir Dag erakréien, analyséieren a sortéiere mussen. Dësen Zäitopwand an Energie géife mir vill léiwer notzen, fir Iech nach méi interessant Sujeten op eisem Site ze proposéieren. Dofir biede mir Iech ëm Gedold a Versteesdemech. Ob ee Commentaire publizéiert gëtt oder net, hänkt awer och dovunner of, ob eis Richtlinnen agehale ginn oder net.

  3. Wéini gëtt e Commentaire refuséiert? (Mat Beispill)

    • Zil vun engem Refus ass net, eng Zensur ze maachen, mä sécherzestellen, datt all Participatioun um Debat konstruktiv, legitim an ubruecht ass. Dowéinst si verschidden Zorte vu Commentairen net zougelooss :
      • Illegal Inhalter, déi Haass verbreeden, sexistesch, friemefeindlech, rassistesch, verletzend, beleidegend, diskriminéierend, diffaméierend, gewaltverherrlechend, negationistesch, pornografesch oder vulgär sinn oder déi sech ofwäertend géintiwwer enger sexueller Orientéierung, enger Relioun, enger Nationalitéit oder enger Hautfaarf äusseren.
      • Onubruecht Inhalter wéi obszön Aussoen, zweedeiteg Formulatiounen oder perséinlech Ugrëff, déi net ënnert Beleidegunge falen;
      • All Commentaire, deen d’Meenungsfräiheet net respektéiert
      • Spam, Kontaktannoncen, Linken op extern Sitten, Reklammen, aner kommerziell Inhalter oder falsch Informatiounen.
    • Wann dës Reegelen net agehale ginn, behale mir eis d’Recht vir:
      • déi verantwortlech Persounen ze warnen, fir sou Commentairen ze ënnerloossen;
      • de Bäitrag net ze verëffentlechen
      • déi verantwortlech Persoun fir d‘Commentairen op eiser Säit ze spären oder juristesch Moossnam ze ergräifen.

    Duerch Aussortéiere vu Contenu, deen net mat eise Reegele konform ass, hoffe mir, e Raum fir den Austausch ze schafen, wou jiddereen, egal wat seng Iwwerzeegungen, seng Ofstamung oder politesch/sexuell/reliéis Orientéierung ass, sech beim Deele vu senger Meenung wuelfille kann. Notzer, déi reegelméisseg a bewosst géint d’Richtlinne vun RTL verstoussen, kréien hiert Recht ze kommentéiere vun RTL entzunn. Dacks handelt et sech bei deenen Notzer ëm sougenannt Trollen. Trolle sinn an der Reegel keng „normal“ Notzer vun eisem Site, mä notzen eis Plattform zwecks Provokatioun a verstoppe sech dacks hannert deels zweiwelhafte Pseudonymmen. De Problem bei Trollen ass : Späert een en Troll, komme si nees mat engem neie Kont an neiem Pseudonym zréck. Et ass e Kaz-a-Maus-Spill, wat d’Commentairen op eise Bäiträg onnéideg polluéiert. Commentairë vun Trolle wëlle mir Iech och heimat, léif Lieser, duerch verschäerfte Richtlinne sou gutt et geet erspueren.

    Beispiller vu Commentairen, déi refuséiert ginn:

    - Eng Ausso, wou eng Persoun attackéiert gëtt:
    Refuséiert :« Jidderee weess dach dass den Här X e Rassist ass » (D’Persoun gëtt direkt attackéiert, ouni konkrete Beweis vun dëser Accusatioun).

    - Eng Ausso, déi eng Persoun beleidegt
    Refuséiert :« D’Madamm X ass eng domm Kou.“

    - Eng Ausso, déi zur Gewalt oprifft
    Refuséiert :« Deen Typ hätt et verdéngt der e puer an d’Sabbel ze kréien.“

    - Eng Ausso, déi rassistesch ass, zum Haass oprifft oder eng Persoun wéinst senger reliéiser oder ethnescher Hierkonft ugräift
    Refuséiert :« Et wonnert mech net, dass deen Typ wéinst Vol ugeklot gouf, hutt der scho gesinn, vu wou deen hierkënnt? “

    - Eng Ausso, déi sexistesch ass
    Refuséiert :« Déi blond Moss ass jo flott, dofir ass et awer och wierklech keng Lumière!“

    - Eng Ausso, déi en aneren Notzer, e Journalist oder eng Persoun, déi am Bäitrag temoignéiert, perséinlech attackéiert
    Refuséiert :« Et wonnert mech, dass Dir verstanen hutt, ëm wat et an dësem Artikel geet, dat ass jo definitiv net Ären Niveau, oder ?

    Den Internet ass kee rechtsfräie Raum.Och an de soziale Medie gëllen national an international Gesetzer a Reegelen. Dowéinst si verschidden Typpe vu Commentairen net akzeptabel. Detailer dozou fannt Dir ënnert dem Punkt „Wéini gëtt e Comment refuséiert?“ Als Notzer vun der Commentaire-Funktioun drot Dir och Är Responsabilitéit an erkläert Iech mat dëse Richtlinnen a Benotzerreegelen averstanen.

  4. Wisou kann een net all Artikel kommentéieren?

    Et ass a bleift de Choix vun der Redaktioun, fir d’Commentaire-Funktioun op eisen Artikelen op- oder zouzemaachen. Mir hunn aus Erfarung geléiert a sinn der Meenung, dass bei verschiddene Sujeten oder Themen de Risiko méi grouss ass, dass Diskussiounen an eng Richtung ginn, déi opgrond vun eiser Charte net erwënscht ass. Dofir ginn op deenen Artikelen d’Commentairen net opgemaach.

    Beispiller vun Artikelen, bei deene mer d‘Commentairen am Prinzip ni opmaachen (et kann natierlech virkommen, datt d'Ausnam d'Reegel bestätegt):

    • Geriichtsartikelen, et sief, et géing sech ëm esou grouss Prozesser handelen, déi eng national Envergure hunn. Bei deenen anere wëlle mer aus Récksiicht op déi Concernéiert keng Commentairë fräiginn; aus Erfarung wësse mer, datt de Risiko hei héich ass, datt reng emotional „argumentéiert“ oder am Affekt geschriwwe gëtt.
    • Artikelen iwwer Fait-diversen, z.B.: Accidenter oder Vermësstemeldungen etc; do maache Commentairë seele Sënn.
    • Reng Service-Artikelen, datt zum Beispill iergendwou d'Waasser verknascht ass oder iergendwou eng Strooss gespaart ass. Hei gesi mer och net direkt e Besoin.
    • Bei internationalen News maache mer d'Commentairen éischter seelen op, well mer
      a) de Schwéierpunkt vum Forum schonn op Lëtzebuerg leeë wëllen a well
      b) eis international News an éischter Linn Faite rapportéieren an net onbedéngt komplex Zesummenhäng analyséieren, déi eng besser Ausgangsbasis duerstelle géifen, fir ze kommentéieren.

    Bei deene meeschten aneren News schwätzt am Prinzip näischt dogéint, datt ee se kommentéiere kann – datt trotzdeem och hei net all Artikel ze kommentéieren ass, kann un dëse Grënn leien:

    • Wa schonn en Artikel (deen ee kommentéiere kann) zu engem Thema oder Fait online ass, decidéiere mer, an de meeschte Fäll, net nach d'Commentairen op enger zweeter Plaz opzemaachen an esou ee Parallel-Debat ze generéieren. An der Reegel verlinke mer dann am Artikel, wou een net kommentéiere kann, op deen, wou een e Comment kann ofginn.
    • Wa mer ewell X Artikelen zu engem Thema haten, zum Beispill Fëmmgesetz, da kann et sinn, datt mer, fir Widderhuelungen z'evitéieren, net och bei allen zukënftegen Artikelen erëm d'Comments opmaachen, fir allkéiers deeselwechten Debat unzestoussen.
    • Sensibel Sujeten, do zécke mer, d'Commentairen opzemaachen; klassescht Beispill: Flüchtlingsheemer. Do hu mer leider scho schlecht Erfarunge gemaach, och wann dee Fall, op dee mer hei uspillen, sech um Facebook ofgespillt huet. Esou e Sujet kann och d'Lëtzebuerger Sprooch sinn oder d'Geschäftswelt an der Groussregioun, wou een dann heiansdo den Androck kritt, hei wiere verschidde Gruppen um Wierk oder Leit, déi aus negative perséinlechen Erfarungen allgemenggëlteg Behaaptungen opstellen ouni iergendeng Nuance. An esou Fäll iwwerleeë mer zweemol – net well mer Angscht viru Comments hätten, ma well mer awer net allem a jidderengem eng Plattform offréiere mussen.
    • Aus Zäitgrënn: Heiansdo maache mer se net op, well mer riskéiere géifen, d'Commentairen net zäitno gelies a validéiert ze kréien, well z.B.: grad eng grouss Aktualitéit ass oder well mer schonn iwwerlaf gi mat Comments. Mir wëlle wierklech vermeiden, datt et ze laang dauert, bis eppes online goe kann.
    • D'Comment-Funktioun ze blockéieren : Et ka virkommen, datt mer en Debat stoppe mussen, well et zu „Streidereien“ tëscht eenzele Kommentatore komm ass, déi d'Comment-Funktioun da mëssbrauchen, fir perséinlech Differenzen auszedroen an dobäi dacks den eigentleche Sujet vum Artikel aus den Ae verléieren. (Ënnert dem Punkt „Wéi kann ech op RTL.lu e Commentaire ofginn?“ a „Wéini gëtt e Commentaire refuséiert?“ kënnt Dir Iech weider informéieren.)

  5. Kann een e Link an de Commentaire setzen?

    Jidderee kann a senge Commentairen och Linken op aner Artikele vun RTL.lu, RTL 5minutes.lu an RTL Today.lu setzen. Extern Linke gi blockéiert, fir all Form vu Publicitéit oder falschen Informatiounen (z.B.: Fakenews) ze vermeiden.

  6. Wéi laang ass e Commentaire um Site?

    D’Commentaire-Funktioun bei engem Artikel bleift bis zu 72 Stonnen op an d’Commentairë si bis zu 2 Wochen um Site visibel. Mir behalen eis d’Recht, den Zäitraum vun den Diskussiounen ze verlängeren oder ze verkierzen.

  7. Wéi kann ee mat aneren Notzer kommunizéieren?

    Dir kënnt mat aneren Notzer diskutéieren, andeems Dir bei hirem Commentaire op d’Symbol „Äntwerten“ klickt. Är Äntwert kënnt direkt ënnert säi Commentaire stoen.

  8. Kann een en aneren Notzer bewäerten ?

    Dir kënnt och selwer matbestëmmen, wéi eng Commentairen top a wéi eng flopp sinn an en Daum no uewen oder no ënne ginn. Fir Notzer, déi reegelméisseg kommentéieren, konstruktiv Bäiträg ofginn an déi sech dobäi un eis Charte halen, dat heescht keen oder ganz wéineg Commentairë refuséiert goufen, hu mir e Bewäertungssystem mat Stären agefouert, deen dës Notzer méi prominent uweist.

    Duerch d’Symbol „ignoréieren“, musst Dir Iech engem Notzer seng Commentairen net méi ukucken, wann Dir se net méi wëllt gesinn. Déi Funktioun verstoppt fir Iech perséinlech all Commentaire vun deem Notzer, dat heescht, Dir kritt se net méi ugewisen. Den Notzer, dee vun Iech „ignoréiert“ gëtt, gëtt net gewuer, dass Dir déi Funktioun aktivéiert hutt.

  9. Wéi kann een e Commentaire mellen, wann e géint d’Reegele verstouss huet?

    Duerch d’Symbol „mellen“, sot Dir eis Bescheed dass Iech eng Ausso negativ opgefall ass a mir kucken eis dëse Commentaire nach eng Kéier méi genee un.

  10. Ech wëll RTL e Feedback ginn. Wou kann ech mech mellen?

    D'Interaktivitéit mat eise User läit eis wierklech um Häerz an ass fir eis am „daily business“ eng grouss Erausfuerderung. Wann Dir eis also am Positiven oder och am Negativen e Feedback zoukomme loosse wëllt, kënnt Dir dat hei maachen: https://www.rtl.lu/feedback. Benotzt fir Messagen un d’Redaktioun am beschten de Feedback-Tool an net en einfache Commentaire. Feedbacke ginn net online a mir beméien eis, si esou séier ewéi méiglech ze beäntweren. Gitt w.e.g. ëmmer eng Mailadress un, datt mir Iech kontaktéiere kënnen.

  11. Wou fannen ech déi allgemeng Konditiounen?

    An eisem Disclaimer (Conditions d'utilisation) ënnert dem Punkt "Charte des utilisateurs des forums de discussion du portail internet d’RTL": https://www.rtl.lu/disclaimer fannt Dir weider Informatiounen iwwert eise Site.

    Merci fir Äert Versteesdemech. Mir sinn Iech dankbar, wann Dir Iech un d'Spillreegelen haalt.
    Dës Charte kann zu all Moment progressiv verfeinert an erweidert ginn.
    Quellen: Netikett an Zesummenaarbecht mam Conseil de Presse a Bee Secure (2017), La charte de l’espace des contributions du « Monde » en 10 questions