
Am August geet et fir Beetebuerg an d’Ukrain, wou d’Ekipp an engem Tournoi et mat de Veräiner WFC Kharkiv aus der Ukrain, Minsk aus Wäissrussland an ZNK Split aus Kroatien ze di kritt.
D’Matcher sinn de 7., 10. an 13 August. De Gruppenéischte kënnt eng Ronn weider.
De Lëtzebuerger Champion am Damme-Futtball geet als kloren Aussesäiter an d’Qualifikatioun fir d’Champions League. Et ass och eréischt déi drëtte Kéier, datt eng Ekipp aus dem Grand-Duché mat dobäi ass.