WTA-EastbourneMandy Minella muss an der Qualifikatioun opginn

RTL Lëtzebuerg
Beim WTA-Tournoi zu Eastbourne huet d'Lëtzebuergerin am 2. Saz vun der Qualifikatioun géint d'Jessica Peluga wéinst enger Zerrung missen opginn.
© Archiv

E Freideg huet beim WTA-Tournoi zu Eastbourne a Groussbritannien d’Qualifikatioun fir den Haapttableau ugefaangen. Am 1. Tour konnt d’Mandy Minella (WTA-96) sech nach an 3 Sätz mat 2:6, 7:5 a 6:2 géint d’Australierin Astra Sharma (WTA-88) behaapten. E Samschdeg war et dunn awer den Out fir d’Lëtzebuergerin am 2. Tour vun der Qualifikatioun. D’Minella huet nämlech nom 2:6 am 1. Saz géint d’Jessica Peluga missen opginn an dat wéinst enger liichter Zerrung. D’Participatioun beim drëtte Grand Slam vum Joer, Wimbledon, soll awer net a Gefor sinn.

Back to Top
CIM LOGO