
Um Samschdeg sinn déi zwou éischt Aachtelsfinalle gespillt ginn. Um Sonndeg spillen dann nach England géint Kamerun a Frankräich géint Brasilien. E Méindeg trëfft da Spuenien op d’USA a Schweden op Kanada an en Dënschdeg sinn déi lescht Aachtelsfinallen, wann Italien et mat China an Holland mat Japan ze di kritt.
No enger souveräner 3:0-Victoire géint Nigeria steet Däitschland bei der Futtball-Weltmeeschterschaft a Frankräich an de Véierelsfinallen.
Viru knapp 18.000 Spectateuren am Stadion zu Grenoble huet d’Alexandra Popp Däitschland an der 20. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. Donieft hunn nach d’Sara Däbritz per Eelefmeter an der 27. Minutt an d’Lea Schüller an der 82. Minutt fir d’Ekipp vun der Trainerin Martina Voss-Tecklenburg markéiert.
An der Ronn vun de beschten aacht Ekippe kritt Däitschland et entweder mat Kanada oder Schweden ze dinn.
Et sollt weder no 90, nach no 120 Minutten eng Entscheedung falen. Norwegen war zwar no 31 Minutten duerch d’Herlovsen a Féierung gaangen, ma Australien konnt an der 83. Minutt mam Kellond-Knight ausgläichen. An der 104. Minutt krut d’Kennedy direkt rout, esou datt Australien déi weet Hallschent vun der Verlängerung mat enger Fra manner huet misste spillen, ma datt konnt Norwegen awer net notzen.
Esou huet da misste vum Punkt entscheet ginn, wien an d’Véierelsfinall kënnt. Hei konnt Norwegen virleeën, ma d’Kerr konnt fir Australien net treffen. Zweete Versuch, selwecht Resultat. Norwegen markéiert, ma d’Gielnik krut de Ball net verwandelt. Beim drëtte Versuch konnte da béid verwandelen. De véierten Eelefmeter vun Norwegen ass dann och eragaangen, esou datt sech d’Nordeuropäer fir d’Véierelsfinalle qualifizéiere konnten.