Animal Hoarding zu Saarbrécken12 Hënn, 7 Kazen an 1 Python an engem Raum

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg goufen 20 vernoléissegt Déieren aus enger Wunneng zu Saarbrécken gerett. D'Déiere waren op enkstem Raum agespaart, matten an hiren Exkrementer.
© Tiernotruf Saarland

Den Déieren-Noutruff aus dem Saarland hat schonn e Samschdeg e Mail vun engem “besuergten Déierefrënd” kritt, nodeems e Bekannte vun dësem e Welpe um Internet kaf hat. Et wier offensichtlech gewiescht, datt de Mupp ze fréi vu senger Mamm getrennt gouf. Doriwwer eraus géingen d’Déieren a “fataler a katastrophaler” Haltung gehale ginn.

“Et gi ronn 20 Kazen op enkstem Raum mat ronn 10 Hënn an enger Schlaang gehalen. Si kréie keen Dagesliicht ze gesinn a maachen hiert Geschäft iwwerall um Buedem. Vill Déiere gesi krank aus, hunn Aenentzündungen a wéineg Pelz”, schreift den Auteur a sengem Mail.

Eegenen Aussoen no huet den Déieren-Noutruff Saar doropshin direkt e Rendez-vous mat de besuergte Bierger ausgemaach. Op der Plaz hätt de Besëtzer vun den Déieren d’Dier zwar opgemaach, awer refuséiert “déi billend Hënn” ze weisen. Well et schonn am Gank no Urin an Exkrementer geroch hätt, huet den Déiereschützer d’Police informéiert.

An där Zäit hätt de Keefer vum Welpe dem Déieren-Noutruff och de “Kafvertrag” fir de Mupp gewisen. An dësem sollt den Hond wuel eng 5 Méint al sinn. Den Déiereschützer schätzt den Alter allerdéngs op 8 bis 12 Wochen, well en nach Mëllechzänn hätt. Doriwwer eraus war de Mupp weder geimpft, nach gechippt oder entwuermt.

Wéi d’Beamte vun der Police bei der Wunneng am Quartier Malstatt ukoumen, hätt sech d’Ausmooss vun den Zoustänn gewisen. 12 Hënn, dorënner dräi Welpen, hunn zesumme mat siwe Kazen an enger Kinnekspython op 20 m2 gehaust. De ganze Raum wier voll mat Exkrementer gewiescht, souguer “de Laminat um Buedem war opgeweecht”.

Et hätt eng zwou Stonne gedauert, fir d’Déiere sécherzestellen an an d’Déierenheem Linxbachhof ze bréngen. “Ee Chihuahua-Meedchen, wuel 17 Joer al, gouf vun enger Kolleegin vum Déiereschutzveräin Helpme op enger privater Fleegeplaz ënnerbruecht, well si de Stress am Déierenasyl warscheinlech net verdroen hätt”, heescht et am Schreiwes vum Déieren-Noutruff.

En Amtsveterinär soll iwwer déi weider Schrëtt decidéieren.

Back to Top
CIM LOGO