
Dëst ass Deel vun engem laangjäregen Naturschutzprojet vun der Organisatioun Giraffe Conservation. Et handelt sech och schonn ëm déi zweet Usiidlungsaktioun vun dëser Aart bannent engem Joer. Virun 10 Méint war am Iona-Nationalpark schonn e Grupp vu 14 Giraffe mat Succès ugesidelt ginn.
Den Augusto Archer de Sousa Mangueira, Gouverneur vun der Provënz Namibe, beschreift et als “weideren decisive Schratt, d’ökologescht Gläichgewiicht vum Nationalpark nees hierzestellen”.
D’Giraffe goufen der Organisatioun no ronn 1.300 Kilometer vun Namibia ewech agefaangen, den Transport bis an Angola huet 48 Stonne gedauert. Sämtlech 13 Déiere koume gesond a monter un a konnten ausgesat ginn.
D’Naturschützer hoffen, dass de kompletten Ökosystem vum Park vun de Giraffe profitéiert, ënner anerem duerch hiert selektiivt Friessverhalen. Doduerch géif d’Vegetatioun gestäerkt ginn, well Planzesom méi verbreet gëtt. Ma och den Tourismus soll dovu profitéieren, well méi Leit sollen ugelackelt ginn.
An de leschte 35 Joer ass d’Zuel vun de Giraffen an Afrika ëm een Drëttel erofgaangen. A fräier Natur gëtt et Schätzungen no nach ronn 117.000 Déieren.