Viru Küst vu Rio de Janeiro13 Haie positiv op Kokain getest

RTL Lëtzebuerg
Dëst géif drop hindeiten, datt an der brasilianescher Metropol massiv Quantitéiten un Droge consomméiert an iwwer d'Ofwaasser an d'Mier entsuergt ginn.
© TheMalibuArtist/AFP/Archiv/Handout

Wéi et an engem an der Fachzäitschrëft “Science of The Total Environment” verëffentlechte Rapport heescht, hu Fuerscher vum Oswaldo Cruz Institut an de Lieweren a Muskele vun 13 Haie vun der Gattung “Rhizoprionodon” Kokain nogewisen, dat an enger Quantitéit, déi honnertmol méi héich war, wéi bei anere Waasserdéieren.

Bei Haie wier dat eng Première gewiescht, an der Vergaangenheet gouf d’Substanz awer scho bei verschiddene Waasserliewewiese wéi Muschele fonnt, heescht et vun engem vun de Fuerscher. Weider Etüden hätten och scho bewisen, datt d’Waasser un der brasilianescher Küst duerch Kokain kontaminéiert gouf.

Wéi eng Konsequenzen d’Kokain fir d’Déiere kéint hunn, ass den Ament nach onkloer. Et gëtt elo gepréift, ob d’Haien - oder Mënschen, déi se iessen - duerch d’Substanz geschiedegt ginn.

Back to Top
CIM LOGO