
Zil vum Pilotprojet ass et, fir déi kleng Réi, déi sech gären an de Felder vun de Bauere verstoppen, ze retten, éier d’Méiaarbechten ufänken. Dëst Joer konnten duerch dëse Projet 258 kleng Bambie gerett ginn, dovunner 77 op den Territoirë vun de Partnergemengen.
Mat extra equipéierten Drone gëtt no de Bambie gesicht, déi da mat Hëllef vu Mataarbechter vun der Asbl, Mataarbechter vun der Gemeng oder vun de Jeeër lokaliséiert an aus de Felder erausbruecht ginn.
D’Käschte vun dësen Aarbechte si vum Landwirtschaftsministère an de Partnergemenge kofinanzéiert. De Minister Claude Haagen ass awer oppen, fir d’Initiativ och op aner Gemengen auszebauen.
D’Associatioun “Sauvons Bambi Luxembourg” ass aktuell nach ëmmer op der Sich no fräiwëllege Piloten.
Link: D’Schreiwes vum zoustännege Ministère