Neiséiland30 Wale vun der Plage gerett

RTL Lëtzebuerg
Véier vun de Mieresdéieren hunn net iwwerlieft.
© AFP

Wéi ënnert anerem NTV mellt, waren un der Nordküst vun Neiséiland e Méindeg eng Rei Walen op d’Plage geschwemmt ginn. Wärend der 30 vun den Déiereschützer gerett an zréck an d’Mier gelooss konnte ginn, war fir véier Walen all Hëllef ze spéit komm.

D’Küst vun Neiséiland ass bekannt dofir, datt ëmmer rëm Mieresdéieren a virun allem Walen op d’Plage geschwemmt ginn, wou si op mënschlech Hëllef ugewise sinn, fir kënnen ze iwwerliewen.

Back to Top
CIM LOGO