
Wéi de CGDIS e Mëttwoch op Facebook matdeelt, hunn all d’Kandidaten um Examensweekend de 4. Dezember hir Prüfunge gepackt.
No “13 Méint Aarbecht a 400 Stonne maintien des acquis” hunn den Jahky an den Giacomo hiren Tëschenexame gepackt a sinn elo prett fir op den Asaz. Donieft hunn och d’Muppen Thanos a Kaya den Trümmer- an de Flächenexame gepackt an dierfe mat hire Meeschtere Cindy a Gwen op den Terrain.
Den Elmo an de Joe preparéiere sech elo nach op hire Flächenexamen am Mee an hunn dann och hiren Trümmerexame bestanen.