
D’Land hat en éiergäizegen Zuucht- an Auswëlderungsprogramm lancéiert an zanterhier gouf schonn de 500. klengen Tasmaneschen Däiwel gebuer.
Bis 2020 gouf et dës Déiere just nach op der Insel Tasmanien, ma an deem Joer haten Naturschützer 28 vun dëse klenge schwaarze Raubdéieren an engem Reservat nërdlech vu Sydney fräigelooss. Ronn 3.000 Joer, nodeem d’Däiwelen um Festland ausgestuerwe sinn, goufen zanter 2020 nees Jonker a Fräiheet do gebuer.