
Mataarbechter vun der Veterinärverwaltung a Polizisten haten d’Déiere bei enger Kontroll, zu där et no engem anonymmen Tipp komm war, e Mëttwoch de Moien entdeckt.
Wéi d’Beamten d’Haus duerchsicht hunn, hu si ënner anerem Muppen, Gänsen, Inten, Huesen an och 28 Papageien, déi ënner Aarteschutz stinn an nëmmen an Ausnamefäll dierfe gehale ginn, fonnt. D’Déiere kommen elo provisoresch an Déierenasyler ënner.
Bis ewell ass net gewosst, firwat de 56 Joer ale Bewunner vum Haus, d’Déiere gehalen huet. Géint hie gouf eng Plainte deposéiert.