Ongewéinlech Entdeckung7 doudeg Walen un der Westküst vun Zypern ugeschwemmt

RTL Lëtzebuerg
Esou vill doudeg Déiere gouf et nach ni op Zypern. E Grond fir den Doud vun de "Cuvier-Schniewelwalen" kéint dat schwéiert Äerdbiewen an der Tierkei sinn.
Wal u Westküst vun Zypern ugeschwemmt
Wal u Westküst vun Zypern ugeschwemmt
© PIO / AFP

Nodeems siwen doudeg Walen un der Westküst vun Zypern ugeschwemmt goufen, soll ënnersicht ginn, wéi d’Walen, déi immens rar an där Regioun sinn, an d’ëstlech Mëttelmier komm sinn a wéi si op der Insel strande konnten. Dat huet den zypriotesche Ministère fir Fëscherei a Mieresfuerschung matgedeelt. Bis ewell wieren nämlech nach ni esou vill doudeg Déieren op Zypern entdeckt ginn.

Weider heescht et vum Ministère, datt et siwen “Cuvier-Schniewelwalen” waren, déi dofir bekannt sinn, immens déif a laang tauchen ze kënnen. Véier vun hinne wiere schonn en Donneschdeg ugeschwemmt ginn. Vun deenen hätt een awer dräi Stéck rëm an d’Mier zréckdreiwe kënnen. E Freideg du wiere sechs doudeg Walen un der Küst fonnt ginn, zu deene méiglecherweis och déi virdru gerett Déiere gehéieren.

Wéi de Ioannis Ioannou, Vertrieder vum Ministère, der Noriichtenagence CNA géigeniwwer sot, hunn “dës Déieren en Echo-Lokaliséierungssystem, deen duerch Kaméidi vum Mier beaflosst gëtt; dat kënne militäresch Exercicer, seismesch Buerungen oder natierlech Äerdbiewen an der Regioun sinn”. Och un de Plagë vun der tierkescher Republik Nordzypern, déi just vun Ankara unerkannt ass, wieren dem Vertrieder no dräi doudeg Walen ugeschwemmt ginn.

Back to Top
CIM LOGO