Alpakaen, Skorpiounen, Wëllschwäin a Schlaangen78 Autorisatioune fir d'Hale vun "exoteschen" Déieren zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De Känguru Sammy, deen aus sengem Heem zu Konsdref fortgelaf an duerno gestuerwe war, huet eng Diskussioun iwwer d'Hale vun exoteschen Déiere lancéiert.

Et ginn am Land awer nach eng ganz Partie aner exotesch Déieren, déi bei Privatleit gehale ginn, déi och eng entspriechend Autorisatioun hunn. 78 esou Autorisatiounen, déi am Ganze 15 exotesch Déiere concernéieren, goufe vum Landwirtschaftsministère ausgestallt.

Dozou zielen 20 Alpakaen, 25 Spannen, 5 Skorpiounen, eng Wanz, ee Wëllschwäin, ee Känguru an néng Schlaangen. Ewell ier dat neit Déiereschutzgesetz 2018 gestëmmt gouf, waren eng 130 Schlaangen, knapp 30 Spannen a siwe Lamaen autoriséiert ginn.

Dës Zuele liwwert d’Agrarministesch Martine Hansen op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen an dem Ex-Pirat Ben Polidori.

Äntwert op parlamentaresch Fro N°896

Back to Top
CIM LOGO