
De Staats-President Gustavo Petro huet e Méindeg awer en Dokument ënnerschriwwen, mat deem elo Schluss ass, an zwar vun 2027 un. Bis dohin engagéiert sech de Staat, de Leit, déi direkt oder indirekt hire Liewensënnerhalt dermat verdéngt hunn, Alternativen ze fannen.
Déi sëllegen Arenaen duerch d’Land solle bis dohin och aner sportlech oder kulturell Aktivitéite kréien.

Kolumbien reit sech domat an an eng Lëscht vu Länner, wou de Stéierkampf scho verbueden ass, sou zum Beispill an Argentinien, Brasilien, Chile, Guatemala an Uruguay.
Weider erlaabt si se am Ecuador, Mexiko, Peru a Venezuela, grad ewéi an den europäesche Länner Frankräich, Spuenien a Portugal.