Waren 300 Joer verschwonnenA Sachsen sollen nees Luchsen ausgewëldert ginn

RTL Lëtzebuerg
De Luchs ass nom Bier an dem Wollef dat drëttgréisste Raubdéier an Europa. Elo soll d'Kaz a Sachsen nees zeréckkommen.
© AFP/Archiv/Patrik STOLLARZ

Den däitsche Fräistaat Sachsen wëll d’nächst Joer nees Luchsen auswëlderen. Vum Fréijoer 2024 un ass geplangt, eng 20 Eurasesch Luchsen am Erzgebirge an am Elbsandsteingebirge unzesidelen.

An engem éischte Schrëtt solle wëll gefaangen Déieren aus der Schwäiz ausgesat ginn. Geplangt ass iwwerdeems och, Luchsen aus de Gehegen vun dem Europäeschen Erhaalungszuchtprogramm auszewëlderen, esoulaang se net a Gesellschaft vum Mënsch opgewuess sinn an op d’Wildnis preparéiert goufen.

De Luchs steet ënner strengem Schutz, op europäeschem Niveau mee och an Däitschland. Duerch Juegd gouf d’Wëllkaz an eisem Nopeschland ausgerott, a Sachsen scho virun 300 Joer. Aktuell gëtt et eng 130 Déieren uechter Däitschland, Dorënner och am Pfälzerwald.

Back to Top
CIM LOGO