Zwee MeedercherA Südkorea si fir eng alleréischte Kéier Risepanda-Zwillingen op d'Welt komm

RTL Lëtzebuerg
E Freideg sinn am südkoreaneschen Everland-Déierepark zwee Risepanda-Meedercher gebuer ginn. Den Zoo huet en Dënschdeg éischt Biller verëffentlecht.
© Everland/AFP/Handout

Op den Opnamen, déi den Zoo e puer Deeg no der Gebuert verëffentlecht huet, ass ze gesinn, wéi d’Mamm Ai Bao sech an hirem Käfeg ronderëm dréint, ier déi zwee Mini-Pandae op d’Welt kommen. Am Internet huet d’Gebuert fir grouss Begeeschterung ausgeléist.

D’Zwillinge weien dem Zoo no 18, respektiv 140 Gramm. “Souwuel d’Mamm wéi och d’Panda-Zwillinge si bei gudder Gesondheet.” D’Mamm géing sech gutt ëm hir Kanner këmmeren an notzt dobäi d’Erfarungen, déi se no hirem éischten Nowuess sammele konnt. D’Fu Bao gouf am Juli 2020 gebuer, ass deemno déi eeler Schwëster vun den Zwillingen an den éischte Rise-Panda, deen a Südkorea duerch natierlech Befruchtung gebuer gouf.

De Video vum Accouchement gouf op YouTube bal 600.000 Mol gekuckt.

D’Ai Bao an de Papp Le Bao waren 2016 als Staatskaddo vum chineesesche President Xi Jingping a Südkorea komm. China bedreift jo eng “Panda-Diplomatie”, fir esou méi séier un hir aussepolitesch Ziler erun ze kommen. Peking verléint Pandaen och un auslännesch Zooen, déi all d’Nokommen an der Reegel e puer Joer no hirer Gebuert nees mussen zeréckginn.

Back to Top
CIM LOGO