HondssteierA wéi enger Gemeng kascht de Mupp am meeschten?

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg mussen Hondsbesëtzer eng Steier fir hire Mupp bezuelen. Wéi vill déi eenzel Gemenge froen dierfen, gouf no uewen hin awer net definéiert.
© RTL Reporter

Wien zu Lëtzebuerg Proprietär vun engem Mupp ass, muss all Joer eng Hondssteier un déi Gemeng bezuelen, an där ee wunnt. Am Gesetz vum 9. Mee 2008 ass zwar festgehalen, datt eng Steier vun “op d’mannst 10 Euro” gefrot muss ginn, e Maximum ass net festgeluecht.

An deem Kontext huet de Piraten-Deputéierte Marc Georgen eng parlamentaresch Fro un d’Inneministesch gestallt. Aus der Äntwert vun der Taina Bofferding geet ervir, datt et deels erhieflech Ënnerscheeder vu Gemeng zu Gemeng ginn.

Am bëllegsten ass d’Hondstax an der Gemeng Suessem. Hei bezuele Muppebesëtzer 12 € fir hiert Déier. An der Gemeng Manternach sinn et 12,35 € an zu Bech, Buerschent, Sëll an Ëlwen kascht den Hond 15 €.

Fënnef Mol esou vill kascht et zu Iechternach. Mat 60 € ass dat déi deierst Gemeng am Land, virun 18 weidere Gemengen, an deenen ee pro Joer eng Hondssteier vu 50 € bezilt.

Allerdéngs ginn et och Gemengen, an deenen ee fir en zweeten Hond, respektiv all weidert Déier, en ënnerschiddlechen Tarif gefrot gëtt. Esou ginn zu Bech, déi mat 15 € eigentlech mat zu de bëllegste Gemenge vum Land gëllt, 30 € fir en zweete Mupp an 90 € fir all weideren Hond gefrot. Am Préizerdaul sinn et souguer 50 € fir en zweeten Hond an 100 € fir all weidere Mupp.

Reaktioun vun der Piratepartei

Déi jonk Pirate stéiere sech un de groussen Ënnerscheeder tëscht de Gemengen, wat de Montant vun der Hondssteier ugeet. Dës Steier géif willkürlech applizéiert ginn, ouni kloer Krittären an ouni Garantie, dass d’Recetten och am Interêt vun den Déiere géifen agesat ginn, heescht et an engem Communiqué vun der Jugendsektioun vun der Piratepartei. Et dierft een net finanziell dofir bestrooft ginn, e Mupp ze hunn.

D'Oplëschtung mat den Hondssteieren an deenen eenzele Gemengen.

Back to Top
CIM LOGO