
An dëser Episod thematiséiere mir, zesumme mam Veterinär Jeff Schreiner, d’Reptilien an d’Spannen. Hie schafft am “Haus des Meeres” zu Wien mam Schwéierpunkt Exoten a wëll Déieren.
Mir ginn ënner anerem gewuer, wouhier déi Faszinatioun vun de Leit fir dës Déiere kënnt, wéi ee Reptilien a Spannen aartgerecht hält a wéi ee reagéiere soll, wann een zum Beispill eng Schlaang oder eng grouss Spann an der Natur fënnt.