Kraz- a BësswonnenAggressiv Afe blesséieren a Japan 41 Mënschen

RTL Lëtzebuerg
Bei Ugrëff duerch Afe sinn an der japanescher Stad Yamaguchi an de leschte Wochen 42 Mënschen duerch Kraz- a Bësswonne blesséiert ginn.
© AFP Archivbild

“Et ass ongewéinlech, esou vill Ugrëff a kuerzer Zäit ze gesinn”, sou en Employé vun der Gemeng e Méindeg. Fir den aggressiven Déieren Här ze ginn, gouf ugefaangen Déidungsgewierer anzesetzen.

Awunner vun der Stad hu bericht, dass d’Afen Dieren opdrécken an duerch Fënstere klammen. “Ech hu Kreesch héieren um Rez-de-chaussée a si séier erofgelaf, do hunn ech en Af gesinn, dee sich iwwert mäi Kand gebéckt hat”, sou e Papp géintiwwer der Zeitung “Mainichi Shimbun”.
Am Ufank hunn d’Afen nëmme Kanner a Fraen ugegraff, awer a leschter Zäit wieren och Männer attackéiert ginn. Der Police ass bis ewell net gelongen, d’Afen an extra opgestallte Falen ze lackelen. D’Afe vun der Rass Japanmakake gehéieren zu Yamaguchi zum Stroossebild. Si gëllen als Plo, well si sech och iwwer ugebauten Notzplanzen hiermaachen.

Back to Top
CIM LOGO