Klengen HeldAkku vu Vëlo brennt - Mupp schléit Alarm

RTL Lëtzebuerg
Zu Hildesheim an Däitschland huet e Mupp sech wuel ganz vill Leckerlie verdéngt, nodeem dëse senger Besëtzerin d'Liewe gerett huet.

An der leschter Nuecht nämlech huet den Akku vun hirem Elektrovëlo Feier gefaangen. Dem Hond ass dat opgefall an deen huet seng Besëtzerin erwächt, schreift d’Hildesheimer Allgemeine. D’Fra konnt dunn de brennenden Akku aus der Wunneng schafen. Enger Nopesch war de Virfall opgefall a si hat d’Pompjeeën alarméiert, déi den Akku och direkt läschen an d’Wunneng lëfte konnten. D’Fra koum ma Schreck dovun an huet missten ambulant behandelt ginn.

Dëst war och fir d’Pompjeeën a méi seelene Fall vun engem Asaz. Well an dësem Fall houng den Akku net um Stroum, mä war schonn iwwer een Dag komplett opgelueden. “Esou ee Brand ass seelen”, huet e Spriecher vun de Pompjeeën erkläert. De Problem wier awer, datt et duergeet, datt eng vun de ville klenge Batterie am Akku iwwerhëtzt, fir datt et zu enger Kettereaktioun ka kommen.

Back to Top
CIM LOGO