
All 10. Wollef illegal geschoss
Obwuel Wëllef als streng geschützt Aart an Däitschland net gejot dierfe ginn, schéissen ëmmer erëm Mënschen trotz Verbuet op d’Raubdéieren. Ermëttlungen hunn dem Leibniz-Institut fir Zoo- a Wëll-Déier-Fuerschung zu Berlin no erginn, datt vun 1.000 doudege Wëllef, ronn all 10. Déier illegal geschoss gouf. Viru Kuerzem eréischt gouf deen 1000. doudege Wollef sezéiert - e weibleche Wollef, déi mat sechs Welpe schwanger war. Déi heefegst Doudesursaach wieren awer weiderhin Accidenter op de Stroossen.

Iwwer 40 “Problembieren” illegal erschoss
D’Slowakei huet eng vun de gréisste Bierepopulatiounen an Europa. Bei ronn 54 Milliounen Awunner ginn et Schätzungsweis eng 1.300 Brongbieren. Deemno kënnt et och ëmmer erëm zu Begéinunge mat Mënschen. Eleng am Fréijoer goufen iwwer eng Dose Leit deels schwéier blesséiert, dorënner Wanderer, Bëschaarbechter a Leit, déi no Champignone gesicht hunn.
Wéi déi staatlech Naturschutzautoritéit vum Land matdeelt, wieren zanter dem Ufank vum Joer bis Mëtt Juli schonn 41 sougenannt “Problembieren” ofgeschoss ginn. “An all eenzelem Fall sinn et Individuen, déi hir Schei virun de Mënsche verluer hate respektiv eng Gefor fir Liewen, Gesondheet an Proprietéit vun de Bierger bedeit hunn”, erkläert e Spriecher vun der Autoritéit. Him no géing