RTL-Podcast iwwer DéierenAlles ronderëm Allergië bei Kazen an Hënn am aktuelle "Pattcast"

RTL Lëtzebuerg
Am "Pattcast", dem Podcast iwwer Déieren, diskutéiere mir iwwer Muppen, Kazen, Päerd an aner Aartgenossen.

Mir loossen Experte vum Fach zu Wuert kommen a ginn Tipps, wat d’Zesummeliewe mat eise Kolleegen op 4 oder 2 Patten, Flossen, oder sou, méi einfach mécht.

Dës Kéier dréint sech an eisem “Pattcast” alles ëm Allergië bei Hënn a Kazen. Ënnert anerem op d’Fro, wat eng Allergie ass a wéi ee se behandele kann, hu mir Äntwerte kritt vum Pascal Kemp vun de Vitalschnuffen a vum Veterinär Rawad El Khoury. Déi klassesch an déi alternativ Medezin loosse sech iwwregens gutt matenee verbannen.

Fannt hei all d’Episode vum “Pattcast”.

Back to Top
CIM LOGO