
Mir loossen Experte vum Fach zu Wuert kommen a ginn Tipps, wat d’Zesummeliewe mat eise Kolleegen op 4 oder 2 Patten, Flossen, oder sou, méi einfach mécht.
Dës Kéier dréint sech an eisem “Pattcast” alles ëm d’Kanéngercher. Et ginn Explikatiounen iwwer d’Gesondheet, d’Wuelbefannen, d’Ernärung an nach villes méi. Invitée ass d’Dr. Laurence Palleva. Si ass Veterinärin a behandelt och vill Kanéngercher.