RTL-Podcast iwwer DéierenAlles ronderëm Verhalensstéierunge bei Kazen am aktuelle "Pattcast"

RTL Lëtzebuerg
Am "Pattcast", dem Podcast iwwer Déieren, diskutéiere mir iwwer Muppen, Kazen, Päerd an aner Aartgenossen.

Mir loossen Experte vum Fach zu Wuert kommen a ginn Tipps, wat d’Zesummeliewe mat eise Kolleegen op 4 oder 2 Patten, Flossen, oder sou, méi einfach mécht.

Dës Kéier dréit sech an eisem “Pattcast” alles ëm d’Thema Verhalensstéierunge bei Kazen. Wéi eng Verhalensstéierunge ginn et bei de Kazen? Wat kënnen d’Ursaache sinn a wéini soll ee sech Hëllef siche goen? Dës an nach vill aner Froen hu mir dem Michèle Braconnier gestallt. Si ass Veterinärin an huet Verhalensmedezin studéiert.

Back to Top
CIM LOGO