
6.000 Pond weit de Fësch, dat entsprécht méi wéi 2.700 Kilo a méi genee bal 3 Tonnen. Am Dezember 2021 hate Fëscher den doudege Koloss am Nordatlantik dreiwe gesinn.
Bal e Joer méi spéit, nodeems e gewien, gemooss an analyséiert gouf, si sech Wëssenschaftler eens, datt et sech wuel ëm de schwéierste Knachefësch handelt, dee jee gewie gouf.

Zum Verglach: De Rekord gehalen hat bis ewell e Moundfësch, deen 1996 virun der japanescher Küst entdeckt gouf a ganzer 400 Kilo méi liicht ass wéi den neie Rekordhalter.
D’Doudesursaach vum Déier ass onkloer, mä d’Wëssenschaftler hunn eng Wonn un em entdeckt mat rouder Faarf, déi normalerweis u Booter benotzt gëtt. Et ass also méiglech, datt de Fësch no enger Kollisioun mat engem Boot gestuerwen ass. E kéint awer och an e Boot geknuppt sinn, nodeems e schonn dout war.