
Experten hu fir eng alleréischte Kéier de Vullegripp-Virus bei engem doudegen Äisbier an Alaska nogewisen. E weidere Risk fir déi menacéiert Déierenaart. Dat huet den Alaska Department of Environmental Conservation schonn am Dezember gemellt. Et wier deen éischte Fall iwwerhaapt bei engem Bier.
D’Déier gouf am Norde vum US-Bundesstaat net wäit vun Utqiagvik entdeckt. Onkloer ass, wéi sech den Äisbier infizéiert huet. Normalerweis friessen Äisbiere Robben, ma och hir Sich no Fudder gestallt sech duerch de Klimawandel ëmmer méi schwiereg. Et ass dovun auszegoen, dass dëse Bier e Villche gefriess huet, deen um Virus erkrankt oder scho gestuerwe war.
Keen Eenzelfall
Ëmmer méi Mamendéieren infizéiere sech mam H5N1-Virus. Wuel duerch de Kontakt mat infizéierte Vigel. An Däitschland gëtt de Virus dohier och méi bei wëllen Déieren nogewisen, déi Fleesch friessen, zum Beispill bei Fiiss. Ma och Kaze kënnen dovu betraff sinn. Weltwäit goufe scho Fäll bei Schwaarz- a Brongbieren nogewisen. Vill Fuerscher warnen och, dass et zu engem Massestierwen an de Pinguin-Kolonië kéint kommen.