
Aus Dankbarkeet géigeniwwer der Stad an hirer Léift zu Déieren huet d’Elizabeth Reichert eng Stëftung gegrënnt, vun där den Zoo elo all Joer e gewësse Montant ausbezuelt kritt. Eng éischt Zomm an der Héicht vu 700.000 Dollar hätt den Zoo scho kritt. A wéi hinnen erkläert gouf, kënnen déi nächst Paiementer deelweis nach méi héich falen - bis zu ëmgerechent annerhallef Millioun Euro.
De Chef vum Zoo-Kommitee huet betount, datt mat den “zousätzleche Recetten” an der Stëftung séchergestallt gouf, datt den Déierepark iwwert en “ganz laangen Zäitraum” a fir “vill kommend Generatiounen” vun dësem Ierwe profitéiere kënnen.
Wéi et an engem Communiqué vum Zoo heescht, wier d’Elizabeth Reichert, déi 2022 gestuerwen ass, gebierteg Kölnerin. Zesumme mat hirem jiddesche Mann Arnulf Reichert wier si nom Zweete Weltkrich an d’USA ausgewandert, wou si en Zoo-Geschäft opgemaach hunn. Hire leschte Wonsch war et, datt déi verierft Suen nëmmen an d’Weiderentwécklung vun der Déierenhaltung vum Zoo fléisse sollen.