Bundesamt fir NaturschutzAn Däitschland ginn et ewell 1.339 Wëllef an 22 Ruddel méi wéi d'lescht Joer

RTL Lëtzebuerg
De Wollefsbestand an Däitschland geet an d'Luucht. Bannent engem Joer ginn et 22 Ruddele méi, sou d'Bundesamt fir Naturschutz.
© AFP

Op d’mannst 1.339 Wëllef goufe gezielt, d’Zuel vun de Ruddelen huet sech am Beobachtungsjoer 2022/2023 op 184 erhéicht. Dat Joer virdru waren 162 Wollefsruddelen nogewise ginn.

Et ass déi éischte Kéier, dass d’Zuel vun den nogewisene “Wollefsindividue” genannt gëtt. Dat léich dorun, dass den Interessi méi grouss gi wier, sou Porte-parole. D’Zuel kéint awer och méi héich sinn, well et sech hei just ëm déi nogewisen Déieren handelt.

E Réckgang am Verglach zum Virjoer gouf et dogéint bei den nogewisene Wollefskoppelen. Hei ass et e Réckgang vun 58 op 47 a bei den domiciliéierten Eenzelwëllef läit d’Zuel elo bei 22. 25 waren et der dat Joer virdrun. Bei enger duerchschnëttlecher Ruddelgréisst vu 5 bis 10 Eenzeldéieren ass dovun auszegoen, dass d’Gesamtzuel vun de Wëllef geklommen ass.

Bei der Zuel vun de Wollefsterritoirë gouf et eng liicht Hausse wéi an de Jore virdrun. D’Virkomme vun de Wëllef konzentréiert sech op Sachsen, Brandenburg, Sachsen-Anhalt, Mecklenburg-Vorpommern an Niedersachsen. A Baden-Württemberg, Bayern, Hessen, Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz, Schleswig-Holstein an Thüringen ginn et méi kleng Bestänn.

Da mellt d’Bundesamt fir Naturschutz, dass am aktuelle Monitoringjoer 159 Wëllef dout opfonnt goufen. D’lescht Joer waren et der 148. Mat 125 Déiere geet e Groussdeel dovun op Verkéiersaccidenter zeréck. Bei 15 Wëllef hat d’Doudesursaach natierlech Grënn, 11 goufen illegal dout gemaach, bei 4 Déiere konnt d’Ursaach nach net ermëttelt ginn an zwee Doudesfäll ginn nach ënnersicht. Nëmmen zwee Wëllef goufen op offiziellen Accord hi kontrolléiert ofgeschoss.

De Wollef war an Däitschland ausgestuerwen, ass zanter 2020 awer nees opgetaucht. Zanterhier ass de Bestand gewuess. allerdéngs bekloe sech d’Baueren, dass et ëmmer méi zu Schied duerch Wollefsruddele kënnt. Bei eisen däitschen Nopere goufen d’lescht Joer iwwer 4.000 Weededéieren duerch Wëllefsugrëff blesséiert oder sinn ëmkomm, respektiv gi vermësst.

An der Politik gëtt dowéinst zanter enger Zäit gestridden, wéi ee soll mat der Hausse vum Bestand bei de Wëllef ëmgoen. Wëllef si streng geschützt an dierfe just an Ausnamefäll mat Accord vun den zoustännegen Autoritéite gejot an erschoss ginn. Dobäi gëlle strikt Reegelen a Viraussetzungen.

Back to Top
CIM LOGO