
D’Autoritéiten aus dem australesche Bundesstaat New South Wales hunn d’Ofschéisse vun dausende wëlle Päerd aus Helikopteren annoncéiert. Bis 2027 soll dat fir ronn 16.000 Brumbys den Doud bedeiten, deelt d’Ëmweltministesch vum Bundesstaat Penny Sharpe e Freideg mat. Si verteidegt déi ëmstridde Moossnam domat, dass aner Methoden manner erfollegräich wieren.
Trotzdeem wier et keng liicht Entscheedung gewiescht: “Keen bréngt gären Päerd aus der Wildnis ëm.” D’Brumbys géingen eleng duerch hir Unzuel “einheimesch Aarten an de kompletten Ökosystem” menacéieren. “Mir mussen handelen.”
Den Kosciuszko-Nationalpark gehéiert zu deene gréissten Naturschutzgebidder a ganz Australien. Am Joer 2000 hätten d’Autoritéite schonn eng Kéier esou eng Aktioun gestart an dobäi iwwer 600 Déiere bannent dräi Deeg aus der Loft erschoss. No heftege Protester gouf dëst allerdéngs verbueden.
Zanterhier versichen d’Ranger aus dem Park, d’Unzuel vun de Päerd mat Hëllef vu Falen, Ëmsiidlungen an der klassescher Juegd ze begrenzen. En Erfolleg ass ausbliwwen. Eleng an deen de leschten zwee Joer wier d’Populatioun ëm en Drëttel gewuess.
No der Ëmweltbeweegung “Invasive Species Council” liewen hautdesdaags bis zu 400.000 Brumbys a ganz Australien. Si ënnerstëtzen d’Entscheedung vun den Autoritéiten.