"Reguléierung" vu PopulatiounAn enger dänescher Stad dierfe Méiwen ofgeschoss ginn

RTL Lëtzebuerg
Och Méiwen hunn duerch Fëscherei a Klimawandel ëmmer manner Fudder. Fir d'Vulle vu Wunngebidder ewechzehalen, dierfe si zu Sonderburg ofgeschoss ginn.
© AFP

Déi grouss Vigel hale sech zwar am léifste beim Mier op, mussen awer bei der Sich no Narung ëmmer méi dacks och a Poubellen a Wunngebidder fësche goen. Fir d’Vulleplo an der Stad Sonderburg ze bekämpfen, dierfen d’Méiwen zanter dësem Joer ofgeschoss ginn.

Wéi d’Stad op hirem Site schreift, dierfe “vum 1. Februar bis de 15. Abrëll Sëlwerméiwe mat Schosswaffen a Fale bekämpft ginn”, dat allerdéngs mat enger Autorisatioun vun der norwegescher Naturautoritéit. Dës kann een och dofir kréien, Eeër oder Näschter vu Méiwen ze zerstéieren.

Méiwe kënne bis zu 30 Joer al ginn, wouduerch et dacks grouss Populatioune ginn. Ma och hir Narungsgrondlag geet duerch de Klimawandel an der Fëscherei ëmmer méi zréck, wouduerch et schwéier fir d’Vullen ass, eppes ze friessen ze fannen, a si an de Stied no Fudder sichen. Duerch den héijen Alter vun de Méiwen kéint et der Stad Sonderburg no laang daueren, bis “sech de Bestand un d’Narungsgrondlag ugepasst huet”. Aus deem Grond huet d’Stad zesumme mat der Naturautoritéit d’Autorisatioun “fir d’Reguléierung vu Sëlwerméiwen” agefouert.

Fir Leit, déi dës Mesuren awer net ergräife wëllen oder net fir d’Autorisatioun qualifizéiert sinn, huet d’Stad awer och preventiv Mesurë publizéiert, fir ze verhënneren, datt sech d’Méiwen op engem Terrain nidderloossen. Et gëtt awer och betount, datt déi grouss Vullen “intelligent” sinn an ee se bal net evitéiere kann.

Ënnert anerem soll een hinne keng Méiglechkeet bidden, Narung ronderëm d’Haus ze fannen. Dat zum Beispill andeems ee Poubellen oder Container zoumécht oder keng Vullenhaiser huet. Donieft hale Picken op Lëftungsanlagen oder Fënsterbrieder d’Méiwen dovun of, sech ze sëtzen. Hei géingen d’Vullen awer dacks esou laang Material fir Näschter dotëscht fale loossen, bis si en Nascht baue kënnen, “ouni datt d’Picken un hire Mo” kommen. Och Vulleschäiche géingen d’Méiwen ewechhalen.

Back to Top
CIM LOGO