70 Joer no AusstierwenAn Indien solle rëm Geparden ugesidelt ginn

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 70 Joer no hirem Ausstierwe solle rëm Geparden an Indien ugesidelt ginn. Een entspriechend Ofkommes mat Namibia gouf e Mëttwoch ënnerschriwwen.
© AFP/Archiv/JOSEPH EID

Am Kader vun dësem sollen afrikanesch Geparden aus Namibia un Indien geliwwert ginn. Déi éischt 8 Déiere sollen deemno Mëtt August an den Kuno-Palpur-Nationalpark am Bundesstaat Madhya Pradesh bruecht ginn.

Virun allem d’Juegd an d’Verschwanne vu sengem natierleche Liewensraum si schold dorunner, dass den asiatesche Gepard 1952 an Indien als ausgestuerwen deklaréiert gouf. D’Land ass zanter 2020 dorëms beméit, d’Déieren nees bei sech unzesidelen.

Back to Top
CIM LOGO