EtüdAsiatesch Elefanten traueren ëm doudegen Nowuess a begruewen e souguer

RTL Lëtzebuerg
Dass Déiere Gefiller hunn, ass gewosst. Ma dass si och Trauerritualer ofhalen, ass nei.
© AFP

Bei asiatesch Elefanten huet een dat konnte beobachten. Enger Etüd no haten d’Elefanten nom Doud vun hirem Nowuess besonnesch Ritualer ofgehalen, fir sou hir Trauer ze weisen.

D’Déieren hunn dobäi ganz haart ëm dat doudegt Elefante-Kallef getrauert, hunn et fortgedroen an et dono op eng ganz bestëmmte Manéier begruewen. Dat hunn indesch Fuerscher an der aktueller Editioun vum “Journal of Threatened Taxa” gemellt. Si hunn eegenen Aussoen no 5 Doudesfäll bei Elefanten an der Regioun Bengalen tëscht 2022 an 2023 ënnersicht.

D’Elefante-Kaalwer waren tëscht 3 Méint an 1 Joer, wéi si un Organversoe gestuerwe sinn. A sämtleche 5 Fäll huet d’Häerd den doudege Kieroer mat hire Rüsselen a Been opgehuewen an dono begruewen. De Kierper louch dobäi allkéiers um Réck an d’Been an der Luucht.

Dat wier eng ongewéinlech Positioun soen d’Fuerscher. An engem Fall wier d’Häerd nach ëm engem Kallef ronderëm getrampelt an hätt ganz haart getrotert. Als Begriefnesplaz goufe Bewässerungskanäl vun Téiplantagen ausgewielt.

Asiatesch Elefanten zielen zu de menacéierten Déierenaarten. Geschat liewen nach 26.000 Déieren a fräier Natur, haaptsächlech an Indien. Hir Liewenserwaardung läit bei 60 bis 70 Joer.

Back to Top
CIM LOGO