Zréck an d'WildnisAus Weier gerette Biber nees fräigelooss

RTL Lëtzebuerg
De Biber, deen e Méindeg vun der Naturverwaltung aus engem kënschtleche Weier gerett gouf, huet e Freideg de Wee nees an d'Fräiheet fonnt.
Symbolbild
Symbolbild
© AFP/Archiv/KOCA SULEJMANOVIC

E Méindeg war d’Administration de la nature et des forêts op e méi besonneschen Asaz geruff ginn, nodeems e Biber an Nout gerode war. No der Rettungsaktioun gouf dat staark ënnerkillt Déiere an der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng gefleegt an opgepäppelt, esou datt de Biber e Freideg nees fräigelooss gouf.

Back to Top
CIM LOGO