PeruAutoritéite rette 4.000 Deckelsmouken

RTL Lëtzebuerg
D'Déiere goufen illegal aus dem Amazonasgebitt matgeholl an elo vun de peruaneschen Autoritéite gerett.

De peruaneschen Déngscht fir Bësch- a Wëlldéieren huet en Donneschdeg matgedeelt, datt een eng “Liwwerung vu liewegen Deckelsmouken um Fluchhafe Jorge Chavez ofgefaangen hätt”. D’Déiere sollten an Indonesien exportéiert ginn.

Ënnert de Reptilie ware jonk Arrau-Schildkröten, déi gréisste Floss-Deckelsmouk a Südamerika, esou wéi och giel gefleckt Floss-Deckelsmouken. Béid zielen zu de schwéier menacéierten Zorten.

Back to Top
CIM LOGO