
Lokale Medien no sollen a Japan zanter dem 9. Juli op d’mannst zéng Schwëmmer vun Delfine gebass gi sinn. Déiereschützer ginn allerdéngs dovunner aus, datt just een Déier fir dës Attacke verantwortlech wier. Bis elo hätt nach keen eng uerg Verletzung dovugedroen, mä d’Autoritéite warnen, datt en Ugrëff vun engem Delfin och déidlech endege kéint.
Fir de Risk vu weideren Attacken ze minimiséieren, hunn déi lokal Autoritéite Schëlder opgestallt, déi d’Leit warne sollen, keng Delfinen unzepaken. Doriwwer eraus gouf en Ultraschall-Apparat installéiert, deen den Delfin vun der Plage ewechhale soll.