
Am Biere-Beräich kruten d’Fleeger viru véier Méint zwee kleng Biere-Meedercher fir ze versuerge bäi. D’Arizona an d’Montana wuessen immens séier an entdecken hiert Revéier mat groussem Enthusiasmus.

Den 18. Mee konnt sech d’Luchs-Weibchen Feyja dann iwwer dräi Klenger freeën. Déi kleng Luchse sinn eng gutt Noriicht fir den Déierepark, vue datt de Park mat den Nordluchsen d’Bewosstsinn fir d’Erhale vun de lokale wëllen Déiere wëll schäerfen. D’Kätzercher géing elo ëmmer méi selbststänneg ginn an hire Park ënnert den Ae vun hirer opmierksamer Mamm entdecken.

An och bei der gréisster Hirschaart vun der Welt koum et dëst Joer zu engem éischter ongewéinlechen Evenement: D’Europäesch Elchen, déi 2018 zu Sainte-Croix ukomm sinn, hunn dem Park 2022 mat der Gebuert vun zwee klengen Elchen e schéine Kaddo gemaach.

Ma domat ass awer nach net Schluss: Dëse Summer ginn am Déierepark zu Sainte-Croix nach weider Gebuerten erwaart. Déi wichtegst Aarten, déi dëst Joer gebuer solle ginn, sinn: Muffelen, Schwaarzbieren, Rendéier, Elchen, Luchsen, Murmeldéieren, Präriehënn, Hirschen, Zwerggeessen, Wëll Schwäin...