An d'Bee gebassBëbee-Robb attackéiert Kand op beléifter Plage a Südafrika

RTL Lëtzebuerg
A Südafrika koum et en Dënschdeg op enger vill besichter Plage zu Kapstadt zu engem Tëschefall mat enger klenger Robb.

Zwee Leit, déi op der Clifton-Plage am Waasser waren, missten no enger Attack vun enger Bëbee-Robb wéinst Bësswonnen traitéiert ginn. An engem Video, deen an de sozialen Netzwierker d’Ronn mécht, ass ze gesinn, wéi dat klengt Mieresdéier engem Kand am flaache Waasser hannendru jot a probéiert, ëm an d’Been ze bäissen. Zwee Männer kommen ugelaf a verjoen d’Robb. D’Mieresrettungautoritéit NSRI huet matgedeelt, datt et an de leschte Méint Berichter iwwer änlech Virfäll gouf op anere Plage gouf. D’Autoritéiten hunn zesumme mat Mieresbiologen dowéinst schonn Ermëttlungen an d’Weeër geleet. D’NSRI huet e Mëttwoch un d’Leit appelléiert, op Distanz zu de Robben ze bleiwen a Mieresdéieren och allgemeng ze evitéieren.

Back to Top
CIM LOGO