
D’Tréierer Police krut e Sonndeg de Mëtteg eng Fra gemellt, déi keng Orientéierung méi hätt an duerch d’Géigend géif tierkelen. D’Beamte wollten hëllefen. Op Nofro war et d’Info, si wier um Wee an hir nei Wunneng a géif effektiv de Wee net méi fannen.
D’Polizisten hunn d’Fra bis Heem begleet an do huet direkt déi nächst Iwwerraschung gewaart. An der Wunneng vun der 47 Joer aler Fra hat nämlech nach ee keng Orientéierung. Am Bett, tëscht Decken a Këssen agemummelt, louch nämlech en Hues, deen all 4 Patte vu sech gestreckt huet a bal keng Liewenszeeche méi vu sech ginn huet.
Op Nofro bei der Fra huet si zouginn, datt si dem Déier net just Wodka a Pëlle ginn huet, et war nach net hiren Hues. Deen hat d’Fra aus der Noperschaft aus engem Gaart stibitzt.
Den Hues koum an d’Déiereklinik a konnt do de Rausch ausschlofen, ier en nees zeréck a säi richtegt Doheem koum.