An zwou Wochen zum InternetstarBerliner Zoo sicht Numm fir Bëbee-Nilpäerd

RTL Lëtzebuerg
E Video vun engem zwou Woche alen Zwergnilpäerd am Zoo zu Berlin gouf elo scho Millioune Mol geklickt. Elo feelt just nach eppes.

Den 3. Juni gouf et am Berliner Zoo an Déierepark Nowuess bei den Nilpäerd. De Video vun der éischter Dusch vun engem vun de klengen Zwergnilpäerd geet zanterhier viral. Op Instagram an op TikTok gouf de Video jeeweils knapp 9 Millioune Mol gekuckt.

Ma d’Weibchen, deem säi Brudder kuerz no der Gebuert gestuerwen ass, ass awer nach op der Sich no engem Numm. Op de Social-Media-Profiller vum Berliner Zoo oder per Mail kënnen Déierefrënn dofir bis e Freideg de 5. Juli hir Proposen ofginn. Klengen Tipp vum Déierepark: “knapp Nimm mat Berlin-Bezuch gefalen der Zoo-Jury besonnesch gutt”.

D’Zwergnilpäerd géing sech dem Zoo no awer gutt entwéckelen an antëscht eng 10 Kilogramm weien. Am Moment kréien d’Visiteure vum Park dat Klengt awer nach net ze gesinn. Déi éischt Woche verbréngt et nach mat senger Mamm Debbie am hënneschte Beräich vun der Nilpäerd-Anlag. Et kéint awer sinn, datt et Enn Juli grouss genuch ass, fir an d’Baussen-Anlag.

Den Zoo mécht mat deem Klengen awer och dorop opmierksam, datt Zwergnilpäerd staark menacéiert sinn, well och hire Liewensraum duerch Ofholzung vun de Bëscher verluer geet. Zwergnilpäerd si virun allem an de Bëscher a Sumpfgebidder vu Westafrika doheem. Si ginn ongeféier hallef esou grouss wéi déi méi bekannt grouss Nilpäerd.

Back to Top
CIM LOGO