
An der Statioun zu Diddeleng gouf dat wëllt Déier ënnersicht an et goufe Röntge vun him gemaach, fir sécher ze goen, datt en näischt gebrach hat.
Dono huet en zwee Deeg an der Statioun misst bleiwen, esou datt d’Fleeger hien observéiere konnten, an e Freideg huet dat 11 Kilo schwéiert Déier nees dierften an d’Fräiheet entlooss ginn. Zum Gléck hat de jonke Biber sech bei der Aktioun net uerg blesséiert an ass mat engem Schreck dovu komm, esou d’Fleegestatioun op Facebook.