
D’Eidechs, déi op den Numm “Dollogekko dormaalensis” héiert, soll wuel viru 56 Millioune Joer op der Äert gelieft hunn an ass domadder déi eelsten Eidechsen-Aart an Europa. Virun allem soll d’Aart an der haiteger Belsch gelieft hunn. Deemools war d’Klima nach däitlech méi waarm, soudatt och Eidechsen ouni gréisser Problemer an onse Regioune liewe konnten.
D’Fossil gouf am Joer 1989 zu Dormaal fonnt a vum Paleontolog Louis Dollo ënnersicht, vun deem déi nei Eidechs den Numm geierft huet.